Kengencyclopedia:Éischt Schrett

Vu Kengencyclopedia

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Inhaltsverzeechnes

Wellkomm bei den éischten Schrétt. Lies däer dat hei am bäschten eng Kéier ganz duerch!
Hei gett et wichteg Informationen fier jiddereen, deen un der Kengencyclopedia matschaffen well.

[Änneren] Wat an Uecht ze huelen ass

D'Kengencyclopedia ass en Spaassprojet, bei dem jiddereen matschaffen kann. Trotzdem muss och du dech un verschidden Reegelen haalen, fier dat daat ganzt funktioneieren kann. Du fenns se op deser Säit an hieren Ennersäiten. (Englesch!) Ween sech un d'Reegelen hällt, huet hei näischt ze fäerten!
Oofgesin vun desen Reegelen an puncto Inhalt vun den Artikelen gett et och Vieraussetzungen, wei en Artikel ausgesinn sollt. Wann en Artikel einfach schnell dohinner geschriwwen gouf, mecht et keen Spaass en ze liesen, an sief en nach eseu gutt. Doweinst gouf d'Qualitéitssécherung verfaasst, déi äerch weist, op wat däer beim Schreiwen vun engem Artikel oppassen musst.

[Änneren] Eseu schreiwt een en neien Artikel

  • Fier en neien Artikel ze verfaassen, gett et dräi Méiglegkeeten:
  1. Et geet een op "Neien Artikel schreiwen" an befollegt do déi nächst Schrett.
  2. Et gett een den gewenschten Numm vum Artikel an d'Sichbaguette an klickt op d'Lupp. Wann et den Artikel nach net gett, erschengt en rouden Link.
    Wann een elo op deen Link klickt, geet d'Bearbeitungsfenster op, an deem een den Artikel schreiwen kann.
  3. Oder et klickt een op een un deenen villen rouden Links déi duerch d'ganz Zwergen Wiki verdeelt sin.
  • An der Editéierhëllef gett genau erklärt, wéi een een Artikel richteg schreiwt an wat dobäi an Uecht ze huelen ass.

Ween dat alles allséicht mol ausprobéieren well, däerf gären den Laboratoire besichen.
Wanns de fier een Artikel e bessen méi Zäit brauchs, schreiw einfach {{Inuse|Schabloun:Dein Numm}} an desen Artikel ganz uewen hin an späichert oof. Doduerch kann een erkennen, dass du un deem Artikel schaffs, an eseu laang wei dat eseu ass, dierf och keen aaneren drun goen , bis de den Inuse erem eraushells oder - wanns de een Mount net mei drun geschafft hues - den Artikel erem fräigin gett. Dann gin, deemno, wéi wäits de schon mam Artikel weiderkomm bass, weider Mossnahmen getraff. W.e.g. huel den Inuse eraus, wanns de fäerdeg bass oder net méi schreiwen wells/kanns, dann kennen déi aaner vläit drun schaffen.

[Änneren] D'Qualitéitsoffensiv

Et gett leider emmer an emmer erem Artikelen, op déi Folgendes zoutrefft:

  • Den Artikel gouf schnell dohinner geschriwwen an gesäit fuerchtbar aus.
  • Am Artikel gett et eseu vill Wierder, déi keen Versteet, dass deen ganzen Artikel een eenzegen Kauderwelsch ass.
  • Den Artikel ass inhaltlech seu schwaach, dass en keng Existenzberechtegung huet.
  • Den Artikel ass rassistech, sexistech, beleidegeng oder an enger aanerer Art löschwert.
Fier dess an ähnlech Fäll goufen Schablounen gemaach, die weisen, wann eppes un engem Artikel net gudd ass.

[Änneren] D'Kategorien an der Kengencyclopedia

D'Kengencyclopedia wiisst schnell. Dofiir goufen Kategorien ageriicht, an deenen Artikelen, déi sech ähnelen (z.B. zwee Artikelen iwwer zwee Länner) zesummegefaasst gin.
All Artikel soll weinstens ENGER Kategorie zogeuerdnet sin, an benotzt w.e.g. just Kategorien déi et schon gett.
Wéi dat mat den Kategorien funktionéiert, fannt der an der Editéierhëllef eraus.

[Änneren] D'Löschoffensiv

Leider gett et all Dag erem Artikelen, déi hei net erwenscht sin, eseu zum Beispill rassistech, sexistech, beleidegend, ze kuerz oder einfach nemmen blöd Artikelen.
Wanns du esou een Artikel gesäiss, bass de dozou opgeruff, en ze mellen.
Dofir gett et eng Schabloun: {{Löschen|<Dein Benotzernumm>|{{SUBST:Datum}}}}
Natierlech schreiws du net <Dein Benotzernumm> mais dein richtegen Benotzernumm.
Doduerch gett eng Löschdisskusioun lancéiert, an däer een sech fier oder géint eng Löschung ausspriechen kann.
Opgepasst: D'Löschschabloun gett just vun Admins (oder mat hierer Erlaabniss) entfernt!

Fier den Fall, dass däer en Artikel entdeckt, deen direkt gelöscht muss gin (wat och oft vierkennt), schreiwt einfach {{SL}} ganz uewen an den Artikel. Den Artikel gett dann direkt an ouni Disskusioun gelöscht.

[Änneren] Ech liesen die ganzen Zäit "Admins". Ween ass daat?

D'Admins sin d'Cheffen an der Kengencyclopedia. Si bestemmen iwwer alles an jiddereen: Muahahahaha...!

D'Admins sin d'"Administratoren" vun der Kengencyclopedia. Sie passen op Kengencyclopedia op, sperren Vandalen an löschen Artikelen.
Sie sinn an éischter Linn dofiir do, fier äerch ze ennerstëtzen.
Nei Autoren vun der Kengencyclopedia ginn mat Schablounen drop opmierksam gemaach, wann eppes net an der Rei ass. Däer musst also net die ganzen Zäit fäerten, gesperrt ze gin. Gesperrt gett en just bei viersätzlechem Feelverhaalen (Beleidegungen, Vandalismus etc.).

[Änneren] Wessenswertes fier den Ufank

An der Navigatiounsbaguette (Box enner dem Kengencyclopedia-Logo) sinn e puer netzlech Links, déi's och du benotzen därfs!
Do kenns du z.B. emmer schnell zreck op d'Haaptsäit.
An den läschten Ännerungen gesäit een alles, wat vun weem an der Zwergen Wiki geschriwwen gett. Eseu gesäit een dann och direkt, ween online ass.
Iwwer den Link "Zoufälleg Säit" kann een bei Langeweil een duerch Zoufall gewielten Artikel opruffen. Den Link Hëllef bréngt dech op eng Säit, op der's du Hëllef an déi wichtegst Säiten fenns.

[Änneren] Sonst noch was?

Waat d'Verhaalen op der Kengencyclopedia generell betrefft, do kann een op der Kengencyclopedia:Kengencykette mei rausfannen.
Fier Saachen, bei deenen däer Héllef braucht, oder aaner Froen, kennt däer äerch un en Admin wenden.

An elo: Vill Spaass mat der Kengencyclopedia!

Äer Admins

Perséinlech Tools
Namespaces-Daten betrachten und bearbeiten
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht